ECG
Accueil
Häerzlech wëllkomm op eisem Site. Eis Schoul huet méi wéi 50 Joer Erfarung am ekonomeschen Beräich a mir si frou a stolz déi Erfarungen kennen un eis jonk Generatiounen weiderzeginn. Am Häerz vun all grousser Schoul steet aussergewéinlecht Personal mat villen verschiddenen Kompetenzen. Den ECG-School of Business and Management ass esou eng Schoul mam Label vun enger sustainable entrepreneurial school an huet domadder natierlech d’Ambitioun d’Schüler a Studenten an der Entwécklung vun hirem Bildungsprojet ze ënnerstëtzen an ze encouragéieren. Den Accent vun all Aktivitéit déi bei eis stattfënnt soll däitlech no den sustainable development goals (SDGs) vun der UN ausgeriicht sinn. 6 vun deenen 17 Ziler hu mir als Schoul eraus gesicht a probéieren duerch aktiivt Handelen Zeechen ze setzen. Esou hu mir e neien Projet lancéiert a planzen an den kommenden Joren jeeweils 200 Beem. All eis nei Schüler sinn an dem Projet direkt implizéiert, mee och all eis aner Schüler, eis Enseignanten, Partenairen an extern Intervenanten kënnen sech um Projet bedeelegen. Queesch duerch eis Schouloffer fënnt een den esprit entrepreneurial, deen eis Schüler a Studenten sollen kënnen entwéckelen.